Cours mam Sonia Thewes
Eis Lëtzebuerger Sprooch net nëmme schwätzen, mee och richteg schreiwe kënnen, dat gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi wichteg. D’Lëtzebuergescht spillt och ëmmer eng méi grouss Roll am Alldag, an der privater a berufflecher Korrespondenz, an der Literatur, an de Medien, an der Publicitéit an den Zeitungsannoncen.
D’ErwuesseBildung bitt duerfir jidderengem, dee lëtzebuergesch schwätzt, e Cours un, an deem een d’Reegele vun der offizieller Orthographie léiere kann. Vill praktesch Übungen am Cours weisen, datt d’Lëtzebuergescht net méi komplizéiert ass wéi eis zwou aner Amtssproochen Däitsch a Franséisch.
Wéini : dënschdes an donneschdes vu 14.30 bis 16.30 Auer den 09., 11., 16., 18., 23., 25. an 30. Januar 2018
Wou : ErwuesseBildung, 5, Avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg


Le bulletin-programme 1/2018 (Jan-Juin) 



Der Einstieg in die Computerwelt kann richtig Spaß machen!