Visite vun der Parkierch vu Kierchen (Am Duarref, L-9942 Basbellain) e Sonnden, den 2. Juli 2017 um 16 Auer
D’Par Kierchen war ursprénglech eng vun de gréisste Paren aus der Géigend, eng sougenannten „Mutterpfarrei“. Si huet sech vun Ëlwen bis Gouvy erstreckt, béidsäiteg vun der Réimerstrooss tëschent Reims a Köln. An deenen Uertschafte gouf et no an no och Kierchen, mee gedeeft a begruewe gouf laang Zäit just zu Kierchen, wat haut nach um iwwergrousse „Gottesaker“ ze erkennen ass. Vun der aler Kierch ass näischt méi ze gesinn, d’Gemeng huet am 19. Joerhonnert vum Architekt Antoine Hartmann eng nei elegant Kierch am deemools modernen neo-gotesche Stil iwwert déi al baue gelooss. Och den Interieur ass stilvoll erneiert gi mat neo-goteschem Mobilier.


Le bulletin-programme 2/2017 - Thema "Frëndschaft kennt keng Grenzen"





D’i-stuff Convict bitt Iech am Hierscht en EXCEL-Cours un: Den Excel ass en Tabelleprogramm a wahrscheinlech dee wichtegste Programm an dëser Zäit. Och fir Iech kann de Programm interessant sinn, wann Dir zum Beispill doheem, an engem Veräin oder als Benevole mat enger Keess ze dinn hutt. Wann Dir dëse flotte Programm kenneléiere wëllt, bidde mir Iech en Ufängercours un, wou mir Iech, ouni Fachchinesech, Grondkenntnisser vermëttele wëllen.