Lageplan - Luxemburg

ErwuesseBildung
Centre Convict - Eingang G
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Öffnungszeiten: Montags bis Freitags von 10.00 bis 12.00 Uhr und 13.00 bis 17.00 Uhr


mehr...
Home Veranstaltungen Workshop: "E Gedicht ... Mmmm: Buschtawe fir ze knaen an ze lutschen"
 

Beschreibung

Titel: Workshop: "E Gedicht ... Mmmm: Buschtawe fir ze knaen an ze lutschen"
Nummer: 38/18
Beginn: Samstag, den 16. Juni 2018 um 09:00 Uhr
Ende: Samstag, den 16. Juni 2018 um 12:00 Uhr
Ort: ErwuesseBildung
Centre Convict (Entrée G)
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Lëtzebuerg
--

Am Kader vum Projet "E Gedicht ... Mmmmm! Wat e Genoss!"

"E Gedicht ... Mmmm: Buschtawe fir ze knaen an ze lutschen"

"Mhmmm: Silben zum Kauen und Lutschen" (Jürgen Spohn)

Workshop fir Léierpersonal, Educateuren, Dagesmammen a jiddereen, deen u KannerLiteratur a KannerGedichter interesséiert ass.

Den Aarbechtsgrupp "Kannerbicher" vun der ErwuesseBildung presentéiert Aktivitéiten a Material, mat deenen ee Kanner Gedichter méi nobrénge kann an op spilleresch Manéier Loscht op d'Spill mat Buschtawen, Wierder, Silben a Sätz ka maachen.

Op engem Themendësch fënnt ee flott an interessant Literatur zum Thema, grad wéi och Material an (Internet) adressen.

Am Ausstausch kréien d'Leit weider Ureegungen, Iddien a vläicht Loscht, fir selwer Aktivitéiten ze organiséieren an durchzeféieren.


E Samschdeg, de 16. Juni 2018 vun 9.00 bis 12.00 Auer (inkl. Kaffispaus)
an der ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse (Entrée G)
L-2132 Lëtzebuerg

Virstellung op Lëtzebuergesch a Franséisch / et gëtt lëtzbuergescht, däitscht a franséischt Material a Literatur virgestallt.

75.00 Euro - Fir LéierInnen an Educateuren/Educatricen aus dem Schoulberäich ass dës Formatioun gratis.

TeilnehmerInnen: Max. 20 Persounen

Org.: Aarbechtsgrupp "Kannerbicher" vun der ErwuesseBildung Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! JavaScript muss aktiviert werden, damit sie angezeigt werden kann.

Umeldung: Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! JavaScript muss aktiviert werden, damit sie angezeigt werden kann. , Tel. 4 47 43-340 bis den 2.06.2018. Gitt w.e.g. d'Coursnummer 184180M un.

FLYER / DEPLIANT zum Download

D'ErwuesseBildung asbl ass als "Organisateur de cours de formation professionnelle continue" duerch e ministerielle Beschloss vum 11.10.2011 vum deemolegen "Ministère de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle" unerkannt. Op Wonsch stelle mir gären e "Certificat de participation" aus. Frot w.e.g. dono bei Ärer Umeldung.


Gëllt just fir d'Personal aus dem Schoulberäich (Léierpersonal oder Educateuren / Educatricen, BibliothekärInnen):
Mellt Iech w.e.g. iwwert dëse Link un: http://www.formation-continue.lu/descriptionformation?idFormation=193708


AG "Kannerbicher" vun der ErwuesseBildung
Et ass e Grupp vu 6 benevol Mataarbechterinnen ënnert der Leedung vum Danielle Mertes. Reegelméisseg organiséiere si Aktivitéite ronderëm Kannerliteratur, schreiwe Buchtippen a maachen d'Auswiel vun de Kannerbicher am Bicherzelt vun der ErwuesseBildung.
Berufflech waren oder sinn si selwer och am educative Beräich aktiv - als Léierin, Educatrice oder Katechetin.