Word-Cours fir UfängerInnen an der i-Stuff ConvictMam Marc Nilles
De WORD ass e Schreifprogramm a warscheinlech ee vun de wichtegste Programmer an dëser Zäit. Och fir Iech kann de Programm interessant sinn, wann Dir zum Beispill doheem, an engem Veräin oder als Benevole mat Sekretariatsaarbechten ze dinn hutt. Amplaz mat Bläistëft um Pabeier stonnelaang ze notéieren an op der Schreifmaschinn ze tippen an duerno ze kopéieren, wier dat um Computer mam WORD eng Saach vu Minutten.
(Op der Aarbecht gehéiert de WORD zu de wichtegsten Instrumenter a sollt dofir beherrscht ginn.) Wann Dir dëse flotte Programm kenneléiere wëllt, bidde mir Iech en UfängerInnecours un, wou mir Iech, ouni Fachchineesech, Grondkenntnisser vermëttele wëllen.
Wéini? dënschdes owes vun 18.15 bis 20.15 Auer den 12., 19., 26. Juni an 03., 10. Juli 2018
An der ErwuesseBildung, i-Stuff Convict (Entrée G), 5, avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg
Umeldung: Tel. 4 47 43-340,
Diese E-Mail-Adresse ist gegen Spambots geschützt! JavaScript muss aktiviert werden, damit sie angezeigt werden kann.
. Gitt w.e.g. d’Coursnummer 182160A un.
Sprooch: Lëtzebuergesch Teilnahmegebühr: 140 Euro
De Marc Nilles ass Formateur an der i-Stuff Convict.
|