Lageplan - Luxemburg

ErwuesseBildung
Centre Convict - Eingang G
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Öffnungszeiten: Montags bis Freitags von 10.00 bis 12.00 Uhr und 13.00 bis 17.00 Uhr


mehr...
Home Veranstaltungen Wa Steng erzielen: D'Kierch vun Nidderwooltz an hir 1000järig Geschicht
 

Beschreibung

Titel: Wa Steng erzielen: D'Kierch vun Nidderwooltz an hir 1000järig Geschicht
Nummer: 55/18
Beginn: Sonntag, den 17. Juni 2018 um 16:00 Uhr
Ende: Sonntag, den 17. Juni 2018 um 17:30 Uhr
Ort: Nidderwooltz
-

alt

Wa Steng erzielen

D'Kierch vun Nidderwooltz an hir 1000järig Geschicht

Zënter méi wéi 1000 Joer gëtt et zu Wooltz eng Kierch, déi dem hl. Péitruss an hl. Paulus geweit ass. Dat gotescht Verwëllef mat senge wonnerschéine Wopen an de Schlussteen weisen op déi laang a beweegte Baugeschicht hin. Si ass eng vun de schéinste spéitgotesche Kierche vu Lëtzebuerg. D’Vergréisserung kuerz virum 2. Weltkrich ass harmonesch gelongen. Gutt erhale Renaissance Grafsteng ginn Hiweiser op adeleg Familljen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. D’Muttergottes vu Fatima ass d’ganzt Joer iwwer hei doheem.

De Paschtouer Martin Molitor invitéiert zu engem geféierte Wee duerch d’Kierch, bei deem déi eenzel Deeler an hir reliéis Bedeitung erkläert ginn a geet op déi historesch Bedeitung vun der Kierch an op d'Relatioune mat der Herrschaft vum Wëltzer Schlass an.

Tëschent deenen eenzelen Deeler léisst de Josy Putz op der grousser Eisenbarth-Uergel de Raum erkléngen.

E Sonndeg, de 17. Juni 2018 vu 16.00 bis 17.30 Auer

Organisatioun: LSRS an ErwuesseBildung, zesumme mat der Por Wooltz Saints-Pierre-et-Paul.