| Suche | Neuer Eintrag |
Belsch Plaasch |
![]() |
![]() Kann et wéinst dem Optiker sinn? Huet hee mir vläicht e falsche Brëll ginn? Ech kann iech all net méi gesinn! Muss ech en ORL besichen? Muss hee mer d’Nues vläicht ënnersichen? Ech kann iech all net méi richen! Leckt mech dach all am Aasch Ech fueren op d’Belsch Plaasch Ouni Pass ouni Bagage Fueren ech op d’Belsch Plaasch Keng Vignett, kee Péage Vun hei bis op d’Belsch Plaasch Eddi a bon voyage Ech sinn op der belscher Plaasch An hunn ech d’Féiss da bis am Sand An d’Hoer fléihen am Wand Eng Fläsch Béier an der Hand Da braauch ech keng Côte d’Azur Keng Knippercher vum Namur Keng Massage, keng Pedikür vun der CD vum Serge Tonnar & Legotrip "Klasseklon", 2011 Mir geet et heiansdo esou ... alles as mir zevill, ech kann kee méi gesin a wär frou wann ronderëm alles anescht wär. Kee Stress, kee Stau, keng Leit, dei dauernd gären eppes vun engem hätten, kee "Beschass", kee schlecht Gewëssen ... Je all déi Saachen, dei een normalerweis gutt ewech stëcht oder déi dozou gehéieren oder déi een esouguer brauch, ginn engem op eemol op de Nerv, sinn zevill, et hält een et baal net méi aus. An dann denkt een un d'belsch Plaasch! Séier nëmme fort! Daat as net wäit, et brauch ee keng Impfung, et kritt een do baal alles ziessen wéi hei Heem, an ze soen iwerall héiert een letzebuergesch, et kann esouguer sin, dass den Noper vun hei Heem och grad iwert d'Digue spadséiert. Eigentlech as baal alles wéi doheem. Mee dann huet een de Sand an d'Mier - Wat e Fräiheetsgefill!?! Da kann een iwert d'Mier kucken an denken "dohannen as England an durno ... Wat e Fräiheetsgefill!?! An et kuckt een de Schëffer no, déi fort schwammen, wouhin ... An dann denkt een drun, wei ee Kleng war. D'Belsch Plaasch war lang Joren eist Familjen-Vakanzenziel (a mam Zuch, dee mir gratis haaten). Vill Erennerungen kommen héich! Burgenbauen, Crevetten aus der Tuut iessen, eng Gaufre de Liège, Co-Car fuhren ... An et denkt een drun, wei een op der Plaasch soutz. Jiddereen haat dat selwecht Buedduch - wat mir kruten fir déi gesammelt Punkten am Supermarché. A nieft eis war eng Famill mat genau deene selwechten Bueddicher!!! Wei ech dem Serge Tonnar sai Lidd fir d'eischt héieren hun, koumen mir all des Gedanken! A wann een och nemmen e puer Deeg op der Belscher Plaasch war, dann gesait een (oh wat e Wonner) alles neess besser!! Och ouni Optiker! Komesch! Vlaicht as et d'Mier, de Geroch, d'Loft, den Horizont - ech weess et net!! Iwregens op der CD "Klasseklon", déi et déck derwert as, um Wee dohin gelauschtert ze ginn, si lauter Lidder, zu deenen ee sech vill Gedanken ka machen an déi een eis "kleng Welt" hei Heem mat hieren klengen an och méi groussen Schéinheetsfehler nët vergiessen doën. Danielle Mertes Autor: Serge Tonnar & Legotrip "Klasseklon" Jahr: 2011 Altersgruppe: ab 6 Jahren Sprache: Lëtzebuergesch Medium: CD |
| Hinzufügedatum: 2011-07-13 20:18:41 |
|
||||
| Powered by Sigsiu.NET | ![]() |