| Suche | Neuer Eintrag |
De Maulef an d’Blimmchen |
![]() |
![]() Op engem waarme Summerdag begéint de Maulef enger klenger Blimmchen. Well seng An net déi bescht sinn, gesäit hien net, datt si e kromme Still an ugeknabbert Blieder huet. Mee si richt esou wonnerbar, datt et fir hien déi schéinste Blumm ass déi et gëtt! An dat erzielt hien houfreg jiddwerengem - och wann hien derfir ausgelaacht gëtt. D’Blimmche freet sech iwwert dem Maulef seng Komplimenter, an déi zwee ginn déi beschte Frënn. Si verbréngen dee ganze Summer zesummen. Mee op eemol ass den Hierscht do. D’Blimmche gëtt ëmmer méi wieleg a méi schwaach, an de Maulef erféiert ... Léisst seng Frëndin hie geschwënn alleng? Endlech mol erëm e gutt Billerbuch op lëtzebuergesch! Et ass e Genoss fir déi schéin einfach Sätz (vir)ze liesen, mat deenen déi Lëtzebuerger Autorin Tanja Brück esou lieweg a waarmhäerzeg vu Frëndschaft an Zesummenhalen erzielt. Déi gefleegten Illustratioune si vun der Saarbrécker Kënschtlerin Dorota Wünsch. Op hiren naturverbonne gemoolte Biller ginn et vill witzeg Detailer, an d’Faarftéin dinn een d’Summersonn, den Hierschtreen, d’Wanterkeelt spieren ... De Message vun der Geschicht geet an d’Déift: „Ech brauch net gutt ze gesinn, fir ze wëssen, datt dës Blumm déi Allerschéinsten ass,“ behaapt de Maulef ëmmer erëm. Grad wéi de Fuuss am Saint-Exupéry sengem „Klenge Prënz“, dréckt hien domadder aus, datt d’Haaptsaach fir d‘An net ze gesinn ass. Esou kann dëst Buch den Ustouss ginn, fir mat Kanner - vu 4 Joer un - driwwer ze schwätzen, wat et heescht fir mam Häerz ze kucken. A fir si derzou z’encouragéieren, sech fir dat wat hinne léif ass anzesetzen. Loosse mer hoffen, datt dat éischt Wierk vum Tanja Brück net hiert eenzegt bleift! Sylvie Bintz D’Buch "De Maulef an d’Blimmchen" war op der Lëscht vum "Lëtzebuerger Buchpräis 2010". Autor: Tanja Brück, Dorota Wünsch Verlag: Editions Guy Binsfeld Jahr: 2010 Altersgruppe: ab 4 Jahren ISBN: 9782879542225 Sprache: Deutsch Medium: Buch |
| Hinzufügedatum: 2010-11-24 21:49:16 |
|
||||
| Powered by Sigsiu.NET | ![]() |